Mx-5 Club Lëtzebuerg

 

Gebuer guff den MX-5 NA am Joer 1989. Weinst sengem flotten Design a well hien präiswert an zouverlässig wôr, guff hien schnell zum Bestseller. Bis Enn 1997 sin 450.000 Exemplare vum NA vum Band gelaaf.

 

     

 

 

Op der Tokyo Motorshow guff 1997 sein Nôfolger, den MX-5 NB viirgestallt. Die allgemeng Formen si beibehaale gin, mee d'Méchanik guff no all deene Joeren nei iwerschaaft. Daat Markanst, waat verännert guff, woren Klappi's, di viischt Luuchten. D'Klappluuchten hu missten "normalen" Scheinwerfern Plaatz maachen!

 

 

 

 

    

 2001 kum dun ee Face-Lift vum NB, also den NB-FL op de Maart. Hin hat verännert viischt Luuchten an e bëssen eng aner Nues an och aner hënnescht Luuchten. Och soss si kleng Ännerungen gemaach ginn (Moto, Intérieur asw).

 

 

 

2005 ass den Nôfolger, den MX-5 NC op dem Genfer Auto-Salon virgestallt ginn. Hien ass op dem Chassis vum RX-8 opgebaut ginn an ass mat zwou Motors Varianten (1,8 an 2,0 l) vum Januar 2006 un um Maart. Trotz all deenen Neierungen (Traktiounskontroll, Säiten- Schëller- a Kap Airbags, méi grouss Scheiwe bremsen asw) ass säi Gewiicht nëmmen ëm 50 kg geklommen.




2006 war et du um Tour vum NC-CC. Dat war dunn emol erëm eng Weltneiheet, e Modell mat Stoff Daach an de selwechte Modell mat festem Daach. Wat den Ënnerscheed vun aneren Kabrioen ass, ass dat d'Malle hir selwecht gréisst behält, op den Daach op oder zou ass. Seng Vitesse fir op an zou ass weltrekordverdächteg

 

 

     


Eenmol Roadster, ëmmer Roadster! Mazda bleiwt sech trei an stellt op der New York Auto Show 2014 de Chassis vum neien MX-5 vir. Entgeint den Erwardungen deelt sech die nei Generation keng Plattform mat dem neien Alfa Romeo Spider, mee mam Fiat 124 Spider. De Japaner wëll wéi seng Viirgänger mat kurzen Ofmeessungen, Stoffdaach an Heckundriw iwerzeegen. D'Gewiicht ass deitlich mi nidrech wéi bei sengem Viirgänger a kann dorfir fir méi Agilitéit suergen. A Puncto Design fällt den Hënnischten am Géigesaatz zum MX-5 NC däitlech mi ronn aus, d'Motorhauw vun der 4. Generatioun fällt steil no viir ôf. De Stoffdaach léisst sech wi gewinnt mat zwee Fangeren a Sekonnevitesse vum Chaufferssëtz aus op- an zoumaachen.

 

 

         

Een neien MX-5-Roadster-Coupé kennt op de Maart. Um Enn vum Modellzyklus vun der dretter MX-5-Generatioun (NC) guffen soguer méi Klappdach-MX-5 wéi Roadster-MX-5 verkaaft. Aus desem Grond präsentiert Mazda mat dem MX-5 RF op der "New York Auto Show" 2016 och vun der 4. Generation vun der Roadster-Legende erem eng Versioun mat elektrisch versenkbarem Hardtop. RF steht fir "Retractable Fastback" (ee Fließheck, deen sech ausfuhre léisst).

 

 

Den "30th anniversary" Mazda Mx-5 ND!