News

Di 3 Deeg gëllen och, wann een sech erem wëllt ofmellen (e neie Button bei der Aschreiwung)!
!!! Bei der Aschreiwung fir d'Ausflig (wéinst der Reservéierung am Restaurant) onbedingt ënner Notizen matdeelen, ob een nëmmen fir d'Mëttigiessen oder fir d'Mëttig- an d'Owendiessen dobäi ass! !!!
Spontan Ausflig können natiirlech och gemaach gin!

Ech hoffen op är Präsenz! Mir hun jo ëmmer vill ze plangen!

D'Photoen vum "Osttour 2022" sin online! Git ënner "Galerie" kucken! De Film fand Dir ënner "YouTube"!
D'Photoen vum "Spontan-Tour op Cochem" vum 02.06. - 06.06.2022 sin online! Dir kënnt se ënner "Galerie" kucke goen!
All eis Sortien sin dokumentéiert! D'Photoen fand Dir ënner "Galerie" an d'Videoen fand Dir ënner "YouTube" !
Zeitungsausschnëtter a Bicher iwert eise Roadster fand Dir ënner "Verschiddenes" an Fahrbericht-Videoen etc. fand Dir ënner "YouTube" !
Eng kleng Iwwersiicht vun deenen nächsten Aktivitéiten
Dest Joer fuhre mir een Tour an Lüneburger Heed!
26.08.2022 "Schnëss-Owend" "Beim Nuddelskniweler" zu Meisdref.
De gemittlechen "Tête-à-Tête" mat engem gudde Mauffel.